
D‘LOKALSEKTIOUN VU KÄL- TÉITENG INVITÉIERT
D‘Lokalsektioun vu Käl- Téiteng invitéiert op hier éischt Wanterwanderung. De Wee féiert vum Chalet an Eweschbour biergop a biergof duerch de Bësch laanscht d‘Fligerdenkmal- iwwert d‘Léiffrächen an d‘nationalt Biergaarbechterdenkmal zréck an de Chalet wou iech eng warm Zopp zervéiert gëtt. Fir den Trëppeltour plange mir ongeféier 2 Stonnen an. Mir freën eis op iech mat oder ouni Famill! Mellt iech weg un op: kayl@greng.lu oder an eisem Grupp op Facebook
Schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch
Déi gréng Lokalsektioun vu Käl-Téiteng wënscht Iech all schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch an eng flott Zäit mat der Famill.
Visite guidée um Europadag: De Minett’s Wee – Op de Spuere vun der lëtzebuerger Industriekultur.
D’Lokalsektioun vun “déi gréng Käl-Téiteng” hat op een interessanten Trëppeltour vun 9,5 km invitéiert. De Wee war vun der Schungfabrik…
Gréng News aus der Gemeng

Och du wëlls eppes an eiser Gemeng beweegen?
Mir si frou fir nei Iddien, lauschteren op Iech.
Sidd Dir un eiser Aarbecht interesséiert, da kontaktéiert eis.