background background

Käl-Téiteng

Visite guidée um Europadag: De Minett's Wee - Op de Spuere vun der lëtzebuerger Industriekultur.

D’Lokalsektioun vun “déi gréng Käl-Téiteng” hat op een interessanten Trëppeltour vun 9,5 km invitéiert. De Wee war vun der Schungfabrik iwwer d’Réserve naturelle “Hesselsbierg – Haardt” duerch eng wonnerbar Natur. Haaptattraktiounen waren de “Bremswee”, wonnerschéi rout Fielslandschaften a rar Planzen a Blummen. Interessant Explikatiounen zum fréieren Erzofbaugebitt gouf et vum Guide John Lorent.